Harmonesch Beweegung.Ausgeglache Bezéiungen.

Vun alldeegleche Spadséiergäng iwwer Physiotherapie bis hin zu personaliséiertem Coaching – mir begleeden Hënn an hir Besëtzer dobäi, eng staark, gesond a vertrauensvoll Bezéiung opzebauen.

Regiounen, Sproochen an Approche

Hesper

385, Route de Thionville, L-5887

Méisproocheg

LU / DE / FR / EN

Zertifiéiert Expertise

Physio & Coaching

Mënsch-Hond-Bezéiung

Vertrauen a Versteesdemech

Eis Servicer

Mir setzen eis mat Häerz a Kompetenz fir d’Gesondheet, d’Beweeglechkeet an d’Wuelbefanne vun Ärem Hond an.

Muppekniwwler Praxis zu Hesper

Muppekiné

All Hond ass eenzegaarteg a verdéngt eng Betreiung, déi op seng individuell Besoinen ofgestëmmt ass. Egal ob Welp, aktive Sporthond oder treie Senior – mat vill Häerz, Gedold a Fachkompetenz begleeden ech Äre véierbeenege Frënd op sengem Wee zu méi Beweeglechkeet, manner Péng an enger besserer Liewensqualitéit. Ob no enger Operatioun, bei altersbedéngte Beschwéieren oder am Kader vun der Préventioun, d’Wuelbefanne vun Ärem Hond steet fir mech ëmmer am Mëttelpunkt.

  • Manuell Therapie & Massage
  • Aktiv Bewegungsübungen
  • High-Level-Lasertherapie
  • Ënnerwaasserlafband (Hydrotherapie)
Rendez-vous buchen
Trainingssessioun mat Mënsch an Hond

Mënsch-Hond-Coaching

Eng staark a vertrauensvoll Bezéiung tëscht Mënsch an Hond ass d’Grondlag fir e harmonëscht Zesummeliewen. Ech si spezialiséiert op Bezéiungsaarbecht a begleeden Iech dobäi, Ären Hond besser ze verstoen, seng Sprooch ze liesen an eng authentesch, respektvoll an no Verbindung opzebauen. Mat vill Empathie an engem individuellen Usaz schafe mir zesummen e Wee, deen zu Iech an Ärem Hond passt.

  • Éischt Kenneléiere a perséinlech Analyse
  • Ënnerstëtzung bei all Verhalensproblemer
  • Fir Muppen an all Alter a Liewensphasen
  • Stäerkung vun der Mënsch-Hond-Bezéiung
Rendez-vous buchen
Strukturéierten Dogwalking an der Natur

Dogwalking

Roueg, harmonesch a strukturéiert Gruppespadséiergäng, bei deenen d’Wuelbefanne vun all Mupp am Mëttelpunkt steet. A klenge Gruppen an engem entspaanten Ëmfeld däerfen d’Muppen zesumme lafen, schnupperen a sozial Kontakter erliewen – ëmmer mat engem A op d’Sécherheet, d’Bedierfnesser an d’Dynamik vun der Grupp.

  • Kleng a harmonesch Gruppen
  • All Moie roueg a strukturéiert Spadséiergäng
  • Sozial Kontakter a gemeinsam Erliefnisser
  • Individuell Opmierksamkeet fir all Mupp
Kontakt iwwer WhatsApp

Galerie

Muppekniwwler – Galeriefoto 1
Muppekniwwler – Galeriefoto 2
Muppekniwwler – Galeriefoto 4
Muppekniwwler – Galeriefoto 5
Muppekniwwler – Galeriefoto 6
Muppekniwwler – Galeriefoto 7
Muppekniwwler – Galeriefoto 8
Muppekniwwler – Galeriefoto 9
Muppekniwwler – Galeriefoto 10
Muppekniwwler – Galeriefoto 11
Muppekniwwler – Galeriefoto 12
Muppekniwwler – Galeriefoto 13
Muppekniwwler – Galeriefoto 14
Muppekniwwler – Galeriefoto 15

Wéi et funktionéiert

En einfachen Ufank – d’Gespréich steet am Mëttelpunkt.

SCHRËTT 01
Mellt Iech
Schéckt eng Noriicht iwwer WhatsApp oder E-Mail. Erzielt eis kuerz vun Ärem Hond a wat Dir sicht.
SCHRËTT 02
Éischt Consultatioun
Mir treffen Iech, fir de kierperlechen Zoustand oder d’Verhalensbesoine vun Ärem Hond am Detail ze evaluéieren.
SCHRËTT 03
Plang
Zesumme kucke mir d’Besoine vun Ärem Hond a plangen déi bescht Therapie oder dee beschten Training.

Iwwer Muppekniwwler

Mat Passioun fir Patten a Leit.

Fir eis ass all Mupp eenzegaarteg an all Bezéiung tëscht Mënsch an Hond erzielt hir eege Geschicht. Mat vill Léift, Empathie a Fachkompetenz begleede mir Hënn an hir Mënschen duerch déi verschidde Liewensphasen – vu kierperlecher Rehabilitatioun iwwer Verhalensbegleedung bis hin zu rouegen an harmonesche Gruppewalks. Dobäi stinn d’Wuelbefanne vum Hond an eng authentesch, vertrauensvoll Bezéiung ëmmer am Mëttelpunkt.

Mir deelen déi selwecht Passioun: Muppen an hir Mënschen ze verstoen, ze begleeden an zu engem harmoneschen a vertrauensvolle Matenee bäizedroen.

Foto vum Team mat Hënn dobaussen

Eist Team

Zwee Leit, eng Passioun: Äre Mupp.

Foto vum Lynn Irrthum

Lynn Irrthum

Grënnerin & Inhaberin · Muppekiné & Coaching

D'Lynn këmmert sech ëm d'Physiotherapie an d'Mënsch-Hond-Coaching – mat vill Häerz, Kompetenz an Erfarung.

Foto vum Kim Ungeheuer

Kim Ungeheuer

Dogwalking

D'Kim ass fir d'Spadséiergäng zoustänneg a suergt fir roueg, strukturéiert Touren a klenge Gruppen.

Erzielt eis vun Ärem Hond.

Bucht Äre Rendez-vous fir Physio & Coaching direkt online. Fir Dogwalking mellt Iech einfach iwwer WhatsApp – mir freeën eis, Iech an Ären Hond kennenzeléieren.

D'Lynn ass eng mega haerzech persoun, ed mierkt een direkt dass Lynn vill Erfahrung madbrengt☺️ D'Lynn huet eis vill an einfach Tipps ginn dei eisen alldach vill mei einfach gemach hunn.. Eisen Hond war no 2 wochen schon ganz anescht an dobai hunn mir Lynn bis elo just 3 mol gesinn.. Mir kennen Lynn nemmen weiderempfehlen an sinn mega dankbar fir seng hëllef😘

Lena Dobbins
5 months ago

D’Lynn huet eis op eng immens professionell an gläichzäiteg ganz mënschlech Aart gehollef, d’Kommunikatioun tëscht eis an eisem Hond ze verbesseren. Hat huet eis net nëmmen gewisen, wat mir maachen sollen, mee virun allem firwat. Et ass wierklech bewonnerenswäert ze gesinn, wéi feinfühleg, roueg a kloer hat mat den Muppen kommunizéiert. Mir géifen d’Entscheedung, bei d’Lynn ze goen, ëmmer erëm treffen a kënnen seng Aarbecht ouni Zweifel weiderempfeelen.

Chico Elsen
6 months ago

D’Lynn wees wat hat mëscht. Dat mierkt den Hond och direkt, deen sech dem Lynn senger Energie upasst. Dat ass seng passioun. Hat gëtt hëllefreich Tipps op den Wee an kuckt suguer an sengen Gruppecoachings et esou zegestallten, dass jidderengem gehollef ass. Ech sinn immens zefridden a empfeelen hat definitiv weider. Emplus ass hat selwer als Persoun megga Sympatesch wat d’zesummen schaffen mat him wierklech angenehm mecht.

Madariaga Alya
6 months ago

Lynn as super empathesch an roueg an senger Aarbecht. Et as schéin ze gesin, weivill Zeit an Gedold hat fir Déieren huet, fir et sou angenehm wei meiglech ze machen! Et geseit een him of weivill Spaas em seng Aarbecht mecht, dass et dat gär mecht an absolut seng Berufung as, an dat as fir mech definitiv mat dat Wichdegst♥️

Nancy Rippinger
6 months ago

Ech kann Muppekniwwler vu ganzem Häerz weiderempfeelen. Mir haten mat eisem Ridgeback iwwer 3 Joer laang extrem Problemer bei Hundebegegnungen. Mir hunn an där Zäit vill ausprobéiert an och mat anere Traineren geschafft, mee näischt huet wierklech e Changement bruecht. Eréischt duerch d’Lynn ass et op eemol vill besser ginn. Hatt war daat éischt, waat mat enger ganz anerer Strategie un d’Situatioun erugaangen ass an eis nei, fir eis komplett aner, Tipps ginn huet. Dat huet bei eis an och bei eisem Hond en enorme Ënnerscheed gemaach. Mir sinn immens dankbar fir seng Hëllef a kënnen hatt wierklech nëmme weiderempfeelen.

Zoe Schwaller
6 months ago

Ëffnungszäiten

  • Méindeg09:00 – 18:00
  • Dënschdeg09:00 – 18:00
  • Mëttwoch09:00 – 18:00
  • Donneschdeg09:00 – 18:00
  • Freideg09:00 – 18:00
  • SamschdegZou
  • SonndegZou